TrAxxion - Zero Vector Mode

D'Erausfuerderung vum Zero Vector

Wéi een seng Firmen Energie ziel geriicht bündelen kann

Am Zero Vector Modus

D’ Betriber mussen haut kontinuéierlech méi schnell, schlank, internationaler ginn, an dobäi méi Produkt Diversitéit bidden. Des Ufuerderung kann een nëmmen meeschteren, wann d’ Produkten Technologien an Geschäftsprozesser dauernd weider entwéckelt ginn. Deem entspriechend huet een Betrib Dosenden, wann net Honnerten vun Verbesserungsmoossnahmen an Aarbecht, zousätzlech zum lafendem Dagesgeschäft.

Den Zero Vector Prinzip ass d’ Erkenntnis dass des Verbesserungsmoossnahmen oft eng antagonistesch Tendenz hunn, an esou entgéint schaffen. Dofir bréngen des Moossnahmen am Ganzen gekuckt keng richteg Resultater, des Moossnahmen resultéieren am “Zero Vector”, trotz aller Energie déi dran gestach gouf.

E Beispill fir een Produkt Entwécklungs Prozess: Den Akaf well méi Zäit fir méi niddreg Präisser an besser Qualitéit mat den Fournisseuren ze verhandelen. D’Lager hiert Ziel ass fir Lager Bestänn an Unzuel vun den Deeler sou kleng wéi méiglech ze halen, Marketing erstellt Pläng fir eng méi schnell Entwécklung vun Produkter an fir d’Maart Aféierung, an den Service après Vente wëll vill Stécker op Lager hunn. Zousätzlech gëtt d'Direktioun Messagen wéi "méi schnell", "méi bëlleg", "Innovatiounen", "manner WIP", "méi schnell op den Maart" an esou weider. 

Fir déi eenzel Zieler ze erreechen, ginn entspriechend Aktivitéiten ugefaang. Well des awer ënnereneen am Konflikt stinn, gëtt et schlussendlech keen däitlech Resultat. Frustratioun an Reiwung sinn programméiert.

Den Krees briechen

Wéi kann een deen Krees briechen? Wesentlech Aktivitéiten an Projeten mussen un strategesch Zieler geknäppt ginn, mer der däitlecher Definitioun " wat wëll ech fir wat fir een Client sinn". Wëll eng Organisatioun nëmmen 10% vun hirer Kapazitéit disponibel huet fir un strategesch Initiativen ze schaffen, ass déi wichtegst Fro oder Entscheedung wat wierklech gemaach ginn muss, an nach méi wichteg, wat maachen mir net! Den Ëmfang vun den Aktivitéiten muss op "dat wierklech Noutwendeg" zesummen gestrach ginn. Des Aktivitéiten mussen dann als Programm zesummen an mat grousser Discipline ëmgesat ginn. Nëmmen eng komplett an disciplinéiert Approche féiert Iech aus dem Zero Vector Modus.

Publikatioun

Ons englesch Publikatioun kënnt Dir hel bestellen

  • D'Erausfuerderung vum Zero Vector
  • D'Erausfuerderung vum Zero Vector