TrAxxion - Zero Vector Mode

Interim

An der haiteger, schwiereger Wirtschaft Situatioun ass d'Fähegkeet ären Betrib op dat schnell änneren Ëmfeld unzepassen, ee Muss fir kompetitiv ze bleiwen.

Dëst féiert zu enger grousser Zuel un Aktivitéiten an Projeten, déi schwéier ze prioritiséieren an auszeféieren sinn. Déi néideg Ressourcen mat den néidegen an richtegem Wëssen sinn net oder nëmmen begrenzt disponibel. D'Fähegkeet an d'Kënnen, Ännerungen oder nei Prozesser anzeféieren ënnerscheed sech vum deeglechem Geschäft.

Et ass eng Erausfuerderung esou een Expert wéint méiglechen Aschränkungen an fehlender externer Erfahrung selwer auszebilden. Och wann dëst theoretesch méiglech ass, kënnen kleng an mëttelstänneg Betriber sech dësen internen Expert wéint eventuellem Besoin net "leschten". Well esou een Expert duerch net genuch nei Erausfuerderungen ënnerfuerdert sinn wäert, kéint hien den Interessi um Betrib no an no verléieren.

Een Interim Manager bitt fir déi néideg an begrenzten Dauer direkten Zougang zu Kompetenzen an Fachwëssen, wellecht är Kompetitivitéit vergréisseren kann. Des zousätzlech (deel oder voll Zäit) Ressource verwalt är Projeten an Verännerungen, implementéiert nei Produktiounslinnen oder Betribsvergréisserung, erweidert är Service Organisatioun oder schafft un aneren definéierten Prioritéiten. Den Interim Manager suergt och fir d'Iwwerdroen vun sengem Wëssen, sou dass nom Enn vun der Missioun d'Léit vum Betrib dëst weider féieren kënnen. Erfueren Interim Manager kënnen och schnell an effektiv als kuerzfristegen Ersatz fir fehlend Personal agesat ginn.

Den Interim Manager bitt Objektivitéit an Erfahrung aus verschiddenen Betriber an Branchen an ass dofir:

  • Deel vun ärem Team vir är Strategie ëmzesetzen, loyal zou ären Geschäftszieler
  • Ausféieren wéi och Strateg, Analyst an Plange
  • Fokusséiert op den Betribsprofit
  • Erfueren Team-Builder an Leedung
  • Flexibel fir ze maachen wat Dir braucht
  • Pragmatesch Ëmsetzung
  • Erreechen vun miessbaren Resultater
  • Nohalteg Schaffen duerch Wëssenstransfer

D'Beoptragen vun engem Interim Manager ass d'Abezéien vun engem Entrepreneur op Zäit.

  • Interim
  • Interim