TrAxxion - Zero Vector Mode

Projeten

D'klassesch Vue vun Projet Management ass d'Discipline vum Plangen, Organiséieren, Motivéieren an Kontroll vun den Ressourcen, fir een bestëmmt Ziel ze erreechen.

E Projet ass awer och eng eriwwer goend Aktivitéit mat engem definéiertem Ufank an Enn, fir eenzegaarteg Zieler, positive Verännerungen oder Méiwäert ze erreechen.

Déi gréisst Erausfuerderung vum Projet Management ass fir all Projet Zieler banne den definéierten Bedingungen ze erreechen. Des Bedingungen sinn primär Ëmfang, Zäit, Qualitéit an Budget.

An der Praxis kritt den Projet Leeder mat villen, iwwerraschenden an reellen Situatiounen ze dinn, fir den Projet an engem kontrolléierten Zoustand ze halen. Déi entscheedent, erëm kommend an wichtegst Fro ass: Lount sech den Projet (nach)? Dat heescht och dass den Projet Leeder net einfach säin Léierbuch benotzen kann, wëll et nëmmen den Wéi an Wann erklärt.

Eng reelle Projet Leedung, déi zum Erfolleg oder Ofbroch féiert, ass staark ofhängeg vun der Erfahrung vum Projet Leeder deen wëss wat ze maachen ass. Hien lieft nom Motto " E Projet Leeder muss maachen wat ze maachen ass".

  • Projeten
  • Projeten