Déi digital Transformatioun huet sech zu engem vun de bedeitendsten Themen an der Geschäftswelt an an der Gesellschaft entwéckelt. Duerch de Asaz vun digitalen Technologie gi Prozesser, Geschäftsmodeller a souguer eisen Alldag revolutionéiert.

Déi digital Transformatioun ass kee kuerzfristegen Trend, mee eng fundamental Verännerung, déi d'Manéier, wéi mir liewen a schaffen, dauerhaft ännere wäert. Si erlaabt Firmen an Organisatiounen, sech un eng séier verännert Welt unzepassen a kompetitiv ze bleiwen. Duerch den Asaz vu Technologiën erginn sech nei Méiglechkeete fir eng besser Produktivitéit, personaliséiert Produkter a Servicer, souwéi d'Schafe vun neie Geschäftsmodeller.

Eng erfollegräich digital Transformatioun besteet aus véier Haaptelementer.

Eng kloer Visioun a Firmestrategie bilden d’Basis fir eng erfollegräich digital Transformatioun. De Management muss eng gemeinsam Richtung definéieren an d’Firma op déi nei Erausfuerderungen a Chance virbereeden.

D’eraus sichen an Implementéiere vun de richtegen Technologien an Infrastrukturen si vu grousser Bedeitung. Heifir musse fir d'éischt déi verschidde Prozesser verstane ginn. Et ass och wichteg eng IT-Roadmap ze entwéckelen. Dëst erlaabt richteg Entscheedungen ze treffen, wat d'Selektioun vun IT-Produkter betrëfft, fir eng flexibel a skaléierbar IT-Infrastruktur opzebauen, déi d’Strategie vun der Firma ënnerstëtzt.

Fir eng digital Transformatioun brauch een eng Verännerung an der Kultur vun der Firma. Oppen sin fir nei Iddien, experimentéierfreedeg sinn a bereet sinn aus Feeler ze léieren, si wesentlech Punkte fir innovativ Léisungen ze entwéckelen. D'abrénge vun de Mataarbechter bei der Entwécklung vun de Prozesser an der Implementatioun vun de Léisungen ass vu grousser Bedeitung.

D'Mataarbechter mussen déi néideg Kompetenze kréien, fir déi digital Komponenten effikass ze benotzen. Eng reegelméisseg Formatioun a Weiderbildung sinn dofir essentiel.

Eis Servicer fänken domat un den digitale Volet an är Firmestrategie ze integréieren. Mir analyséieren d'Kärprozesser, déi aktuell bestoend Infrastruktur, den Datefloss, an och déi spezifesch Ufuerderunge vum Marché, fir zesummen eng digital Roadmap fir déi nächst Joren ze entwéckelen. Op Basis vun dëser Roadmap kënne mir konkret Projeten definéieren, dës zäitlech plangen an och begleeden.

Eis Roll ass oft déi vu Vermëttler tëscht de Firmen an de digitalen Exécutantsfirmaen ze sinn, fir Missverständnisser ze vermeiden an eng erfollegräich Emsetzung ze garantéieren. Duerch d'Kombinatioun vum Verständnis fir de Prozess an der digitaler Kompetenz verstin mir béid "Welten".

Eis Experten kënnen sowohl d'strategesch Steierung , d'Projektleedung vun enzelen Projeten, ewéi och d'Leedung vu technesche oder organisatorësche Aarbechten iwwerhuelen. Mir ënnerstëtzen aktiv beim Erstellen vun technesche an net-technesche Lastenheften, bei der Auswiel vu Software- an Hardware-Léisungen, bei der Entwécklung an der Aféierung vun Prozesser an beim  "Change Management" an ärer Organisatioun.

Eis Expertenteam besteet aus eemolege IT-Leit an Fachexperten an verschiddene Beräicher, wéi z.B. ERP Systemer, Planungssoftware, Datenbankstrukturen, Serverinfrastrukturen, Schnëttstellen. Är Kompetenz gëtt duerch eise strukturierten Projetmanagement-Ansatz ergänzt.

Rendezvous
no Ofsprooch

Mir huelen eis ganz gären fir Iech, Är Firma an Är Projeten Zäit. Huelt d’Kontakt mat eis op fir gemeinsam e Rendezvous aus ze maachen.

Kontaktdonnéeën

Telefon +352 691 832503

info@traxxion.eu

Kontakt ophuelen

Dir sidd ëmmer häerzlech wëllkomm. Et ass am Beschten, e Rendezvous iwwer Telefon oder E-Mail mat eis ofzemaachen, fir dass mir Iech zur Verfügung kënne stoen.

Google Maps

Mat dem Lueden vun der Kaart akzeptéiert Dir d'Dateschutzerklärung vu Google,
Mehr erfahren

Kaart lueden

TOP Traxxion