D'Iddi TrAxxion ze grënnen, ass entstanen, wéi de Mark an de Sven e strategescht Projet fir den demolegen Weltmarktféier vun der Mobiltelefonie NOKIA dirigéiert hunn. Beid hun se séier gemierkt, wéi vill duerch pragmatesch Méthoden, Strategie an effizientem Projetmanagement ze erreechen ass. s Des Iddien, hier Wäerter an hir Methodologie défineieren den Moto "no nonsense", den TrAxxion bis haut ausmécht.
2007 huet TrAxxion mat den éischte Beroderoptrëtter am Beräich Projet Management ugefaangen. No e puer ganz interessante Restrukturéierungen vu KPI’ hun mier d’ Buch "Zero Vector Mode Challenge" 2013 verëffentlecht - eng pragmatesch Zesummenfassung vun eiser "no-nonsense" Approche.
An deene leschte Joren huet sech de Leeschtungsspektrum stäerker am Beräich Lean an digitale Transformtioun erweidert an 2018 sin mier eng Partnersschaft mat Asprova, deem Marktféierer am Beräich APS, agangen.
Dei strategesch Aarbecht mat eise Clienten huet eis méi an d'Richung gefouert, och Themen ewei Firmaführung, Strategie, Persounalfeirung a Generatiounswiessel ze begleeden.
An de leschte Joren ass et eis ëmmer wichteger gin ze erklären, dass Nohaltegkeet net "nëmmen gréng" bedeit, mä och e Symbol erfolgreicher Gestioun d’Entreprise ass. D'Verstoen, dass nohalteg Firmaführung verschidden Facetten huet, huet eis dozou bruecht eisem Konzept un de B Corp Framework ze orientéieren an eis Missioun nei ze defineiren : "Mir wëllen e Positiv Impakt zu Lëtzebuerg anan der Groussregioun hun, andeems mir Entreprisen an Organisatiounen nohalteg a modern opstellen."
D'Pilie’en vun eisem Team, dat elo iwwer 20 Experten zielt, bleiwen eis Wäerter: "no-nonsense", "true expertise" a "brutal honesty". Mir freeën eis op d'Weideraarbecht an vill spannend Projeten, fir eisen positiven Impakt op d'kommend Generatioun weider ze steigern.