Nochhaltegkeet ass zu engem zentralen Thema fir d’Entreprisen ginn, well d'global Geschäftswelt sech méi an méi de sozialen an ökologesche Herausfuerderungen stellen muss. Nochhaltegkeet an den Entreprisen ass net nëmmen eng ethesch Verpflichtung géintiwwer der Gesellschaft an der Ëmwelt, mee och en wichtegen Faktor fir de laangfristegen Erfolleg an d'Wettbewerbsfäegkeet. Nochhalteg Entreprisen setzen op verantwortungsbewosst handeln , fir hir negativ Auswierkungen op d'Ëmwelt ze miniméieren, sozial Ongerechtegkeeten ze reduzéieren an och den wirtschaftleche Succès ze fördern. D'Ëmsetzung vun nohaltege Prinzipien kann d'Reputatioun vun den Entreprisen  stäerken, d'Vertrauen vun de Clienten an Investoren erhéijen an eng positiv Culture d’Entreprise förderen.

Als integralen Deel vun der Ënnernehmensstrategie sollte folgend Dimensiounen berücksichtegt ginn:

Ëmweltfrëndleches Handelen: Nochhaltegkeet an den Entreprisen ëmfaasst  Meiglechkeeten fier den ökologeschen Foussofdrock ze reduzeiren  ???Dat ëmfaasst d'Reduzéierung vu Wärmeverbrauch, d'Effizienzsteigerung beim Energieverbrauch, de verantwortungsbewossten Ëmgang mat Ressourcen an d'Förderung vu ëmweltfrëndleche Produkter an Prozesser.

Sozial Verantwortung: Nochhalteg Firmaen engagéieren sech fir sozial Gerechtegkeet an droen dozou bei d’Gesellschaft ze verbesseren. Dat kann duerch d'Förderung vu Diversitéit an Inklusioun op der Aarbechtsplaz, d'Ënnerstëtzung vu gemengnützege Veräiner  oder d'Affeierung  vun fairen Aarbechtsbedingungen geschéien.

Wirtschaftlech Stabilitéit an strukturiert Directioun vun den Firmaen : Nochhalteg Firmaen setzen op laangfristeg Stabilitéit an de kontinuéierleche Wuesstum. Eng nohalteg Ënnernehmensstrategie berécksichtegt wirtschaftlech Aspekter an zilt drop of profitabel ze sinn an déi laangfristeg Interesse vun de Stakeholder ze schützen. Transparenz an ethesches Verhalen an der Directioun, sou wéi struktureiert Entscheedungsprozesser, déi Nochhaltegkeet integréieren, sollten garantéiert sinn.

Engagment vun den Interessensgruppen: Nochhaltegkeet an Entreprisen erfuerdert den aktiven Engagement vun den Interessensgruppen, dozou gehéieren d'Mataarbechter, Clienten, Lieferanten an Gemengen. Den Dialog mat de Betroffenen erlabt den Entreprisen, hier Uleiess an Notzen besser ze verstoen an richteg dorop ze reagéieren.

Nochhalteg Entreprisen kënnen eng Virbildfunktioun fir aner Firmaen an d'Gesellschaft iwwerhuelen, an deem se beweisen, dass et méiglech ass, wirtschaftleche Succès mat sozialer Verantwortung an Ëmweltschutz  ze verbannen. Sou inspiréieren se aner Firmaen, och nohalteg Praktiken ze iwwerhuelen.

Mir betruechten Nochhaltegkeet ganzheitlech an benotzen als Usatz  de B Corp Framework mat den 5 Wirkungsbereicher: Ëmwelt, Gemengen, Ënnernehmensführung, Clienten, Mataarbechter. An de respektive Beräicher analyséieren eis Experten d'aktuell Situatioun vun ärer Organisatioun, weisen konkret Potenzialer op an kënnen pragmatesch bei der Ëmsetzung hëllefen. Mir léen  grouss Wäert drop Nochhaltegkeetsinitiativen als Transformationsprojet strategesch ze féieren, all "Stakeholder" mat anzebezéien an d'nei Rollen strukturell bei Iech ze etabléieren.

D'Experten vun eisem Nochhaltegkeetsteam kënnen akademesch an applizéiert Expertise an de Beräicher Ëmweltmanagement, Energiemanagement, Sécherheetsammanagement, CO2-Footprint, Personalmanagement, Direktioun vun enger Entreprise an Entwécklung vu Geschäftsmodeller virweisen. Mier hun an eisem Team Experten déi als B Leader oder als zertifizéiert Auditoren an hirem Fachberäich ausgebilt sinn.

Rendezvous
no Ofsprooch

Mir huelen eis ganz gären fir Iech, Är Firma an Är Projeten Zäit. Huelt d’Kontakt mat eis op fir gemeinsam e Rendezvous aus ze maachen.

Kontaktdonnéeën

Telefon +352 691 832503

info@traxxion.eu

Kontakt ophuelen

Dir sidd ëmmer häerzlech wëllkomm. Et ass am Beschten, e Rendezvous iwwer Telefon oder E-Mail mat eis ofzemaachen, fir dass mir Iech zur Verfügung kënne stoen.

Google Maps

Mat dem Lueden vun der Kaart akzeptéiert Dir d'Dateschutzerklärung vu Google,
Mehr erfahren

Kaart lueden

TOP Traxxion