Governance & Strategie si vun entscheedender Bedeitung fir eng nohalteg Entwécklung an effizient Steierung vun Organisatiounen, ob dat op interner Basis vun der Firma oder op nationaler oder internationaler Basis ass. Governance & Strategie ëmfaassen e breede Kader, deen d'Struktur, Prozesser, Richtlinnen a Verantwortlechkeete fir d’huele vun Entscheedungen a fir d’Allokatioun vu Ressourcen an Organisatioune reegelt. Een effizient Governance-System fuerdert d’Transparenz, d’Responsabilitéit, d’Partizipatioun an d’Integritéit, wouduerch d'Vertraue vun de Stakeholder gestäerkt an d'Potential fir nohaltege Wuesstem erop ginn.

D'Aufgab vu Governance-Strukturen ass et, dat reiwungsloost Funktionéieren vun enger Organisatioun sécherzestellen an hiert laangfristegt Iwwerliewen ze garantéieren. E gudde Governance-System bitt kloer Richtlinnien  a Mechanismen, fir sécherzestellen, dass all Bedeelegten sech senge Verantwortlechkeete bewosst gëtt an zesummen un de festgeluechten Ziler schafft. Et hëlleft och Risiken ze miniméieren a Feelverhalen ze verhënneren an deem ee  kloer Prozesser fir d’huele vun Entscheedungen, d'Iwwerwaachung vun der Leeschtung an d'Léisunge vu Konflikter festleet.

Genau sou wichteg ass et  Strategie vun der Firma  auszeschaffen an dës däitlech ze beschreiwen. Dëst erlaabt all eenzelen Interesséierten aus enger Firma hier Energie geziilt unzewenden. An Zäite vu permanentem Wandel déngt se als Orientatioun an Anker. Mir bei TrAxxion beschreiwen dat als "Vector your company."

Mir begleeden Iech bei dësen Themen. Dozou gehéieren Ausféierung vu Workshops fir d’Definitioun vun der Strategie, d'Schafe vu passende Strukturen, aktiv Bedeelegung a Firmengremien an d'”Coaching” vun Ärem Management. Duerch den Asaz vun definéierten Aarbechtsmethoden an Tools beschreiwe mir Är Strategie an déi néideg Projete fir se ëmzesetzen. Mir begleeden Iech och bei der Kommunikatioun an der aktiver Ëmsetzung vun ärer Strategie. Dat wichtegst Element fir d'Ëmsetzung ass een effikasse Projekt Management, well nëmmen esou kann eng richteg Plus-value geschaaft ginn.

Eis Equipe huet eng laangjäreg a signifikant Erfarung am Management vu Projete souwéi an der Formatioun vu Mataarbechter an der Schafung vu PMOs fir déi strategesch Steierung vu Projeten. Vill vun eise Spezialisten hunn erfollegräich hier eege Firme geleet oder C-Level Positiounen a bekannten internationale Firmen occupéiert.

Zudeem hunn ee puer  vun eise Spezialisten Erfarung an Opsiichtsréit a kënnen Iech beim Opbau vun dëse Strukturen ënnerstëtzen.

Rendezvous
no Ofsprooch

Mir huelen eis ganz gären fir Iech, Är Firma an Är Projeten Zäit. Huelt d’Kontakt mat eis op fir gemeinsam e Rendezvous aus ze maachen.

Kontaktdonnéeën

Telefon +352 691 832503

info@traxxion.eu

Kontakt ophuelen

Dir sidd ëmmer häerzlech wëllkomm. Et ass am Beschten, e Rendezvous iwwer Telefon oder E-Mail mat eis ofzemaachen, fir dass mir Iech zur Verfügung kënne stoen.

Google Maps

Mat dem Lueden vun der Kaart akzeptéiert Dir d'Dateschutzerklärung vu Google,
Mehr erfahren

Kaart lueden

TOP Traxxion